Historique
Ee klenge Réckbléck an eis Geschicht
Op Initiative vun der Chorale Ste Cécile Réiser-Crauthem gouf den 11. Juli 1996 an der Gemeng Réiser e Kannerchouer gegrënnt, deen de Numm krut « Réiserbänner Wisepiipserten asbl“.
D‘Associatioun huet sech zum Zil gesaat, fir ënnert de Kanner d‘Wëssen an de Gefaalen um Gesank ze verbreeden.
Duerch intressant Prouwen a verschidden Optrëtter viru Publikum, soll d‘Freed un der Musek an um Gesank bei de Kanner erwecht an erhaale bleiwen.
An der Generalversammlung vum 23. Oktober 2004 gouf de Chouer dunn ëmgedeeft an « Kanner- a Jugendchouer Réiserbänner Wisepiipserten ».
Esou hoffe mir, deene méi Groussen ënnert eise Sängerinnen a Sänger en eventuelle Wiessel an eng Erwuessene-Chorale méi enfach ze maachen.
Eise Kanner- a Jugendchouer ass säit dem 30. Januar 1997 Member vun der « Entente des Clubs et Associations de la Commune de Roeser » a säit dem 14. Februar 1997 Member vun der UGDA.
Mir hun ongeféier 10 Sängerinnen a Sänger.
Dirigentin vum Kanner- a Jugendchouer ass fir de Moment d’Désirée Bonacci.